LU-186
LU-187
LU
LU
Virun der Éischtabetribnam vum Apparat muss Du d’App Natural Cycles op
dengem Smartphone installéieren. D’Abetribnam vum NC° Thermometer
(Gen 2) ass ouni d’App Natural Cycles net méiglech.
Maach d’App Natural Cycles op. Befolleg d’Uweisungen
an der App.
Huel nëmmen den Thermometer a Betrib. Hal dozou
d’Bluetoothtast op d’mannst 1 Sekonn laang gedréckt.
Den Apparat schalt sech an a wiesselt automatesch an
de SET-Modus, fir den Datum an d’Auerzäit anzestellen
(Bild 1).
Datum an Auerzäit ginn automatesch vun der App Na
-
tural Cycles synchroniséiert. Dozou verbënnt sech den
Apparat iwwer Bluetooth mat der App (Bild 2).
Bei erfollegräicher Verbindung erschéngt d’Usiicht
„APP“ (Bild 3).
Wann den Apparat keng Verbindung zur App opbaue
kann, schalt e sech no 60 Sekonnen of. Préif an dësem
Fall, ob d’Bluetoothfunktioun vun dengem Smart
-
phone aktivéiert an d’App Natural Cycles gestart ass.
Versich erneit, eng Verbindung opzebauen.
Huel virun der Miessung d’transparent Schutzposchett
vum Thermometer ewech.
Schalt den Apparat an, andeem s Du d’Un-Aus-Tast op
d’mannst 1 Sekonn laang gedréckt häls. Um Display
erschéngt d’Usiicht „On“ (Bild 1).
Den Apparat féiert elo en interne Selbsttest duerch; all
Displaysegmenter ginn ugewisen (Bild 2).
Luet d’App Natural Cycles am App Store oder bei Google Play erof.
ÉISCHTABETRIBNAM VUM APPARAT
MOOSSE VUN DER TEMPERATUR
Bild 1
Bild 2
Bild 3
Bild 1
Bild 2
D’Zuel vun den nach net iwwerdroene Moosswäerter
gëtt um Display ugewisen (Bild 3).
Wa méi ewéi 25 gespäichert Miessungen net un d’App
Natural Cycles iwwerdroe goufen, erschéngt um Dis
-
play d’Meldung „APP/FULL“ (Bild 4 a 5), fir dech dorun
ze erënneren, d’Moosswäerter esou bal ewéi méiglech
un d’App ze iwwerdroen.
Wann s Du méi ewéi 30 Miessungen duerchféiers, ouni
d’Moosswäerter un d’App ze iwwerdroen, gëtt den
eelste Wäert geläscht, fir Plaz fir eng nei Miessung ze
schafen.
No der Prüfung vum Iwwerdroungsstatus liicht den
Display kuerz op bzw. et ertéint e Signaltoun. Den
Apparat ass elo bereet fir d’Duerchféierung vun enger
neier Miessung.
Fänk op kee Fall mat der Miessung un, éier den Display opliicht bzw. bei ak
-
tivéierte Signaltéin de Signaltoun ze héieren ass. Den Thermometer muss
um Ufank vun der Miessung schonn am Moossmodus sinn, fir de Verlaf vun
der Miessung korrekt erfaassen ze kënnen.
Placéier d’Moossspëtz lénks oder riets ënner der Zongewuerzel. Den Tem
-
peratursensor muss e gudde Geweebekontakt hunn.
Maach de Mond zou an otem roueg duerch d’Nues, esou datt d’Moossresul
-
tat net duerch d’Otemloft beanträchtegt gëtt.
Esou laang déi gemooss Temperatur nach ënnerhalb
dem Moossberäich (32,00 bis 43,99 °C) läit, gëtt um
Display L (Low = Niddereg) ugewisen (Bild 6). Hief bei
der Miessung e bësse Gedold. De Sensor muss sech fir
d’éischt vun Zëmmertemperatur op Kierpertemperatur
erwiermen.
Den Apparat préift elo, ob schonn all viregt Moosswä
-
erter un d’App Natural Cycles iwwerdroe goufen. Den
Apparat ka maximal 30 Miessungen tëschespäicheren.
Prüfung vum Iwwerdroungsstatus
Moosse vun der Temperatur
Bild 3
Bild 4
Bild 5
Bild 6
Wärend der Miessung gëtt déi aktuell Temperatur um Display ugewisen.