LU-194
LU-195
LU
LU
RENGEGUNG A FLEEG
GARANTIE
Rengeg den Thermometer mat engem duussen Duch a waasserverdënntem
Isopropylalkohol oder mat kalem Seefewaasser.
Verwent keng aggressiv Rengegungsmëttel, Léisungsmëttel oder Bensinn
fir d’Rengegen.
Den Thermometer ka fir d’Rengegung a Waasser oder Desinfektiounsléi
-
sung agetaucht ginn. Net duerch Kachen, Gas- oder Dampautoklave ste-
riliséieren.
Uecht dorop, d’Uewerfläch vum Moosssensor an dem Display net ze ver
-
krazen.
Waart nom Rengege vum Moosssensor mat Alkohol 5 Minutten, éier s Du
eng Temperaturmiessung duerchféiers, fir datt den Thermometer nees déi
noutwenneg Betribstemperatur erreeche kann.
Den Apparat gouf mat aller Suergfalt hiergestallt a gepréift. Fir de Fall,
datt e bei der Ausliwwerung trotzdeem Mängel opweise sollt, gi mir eng
Garantie zu den nofollgende Bedéngungen:
Wärend der Garantiezäit vun 2 Joer ab dem Kafdatum behiewe mir Mängel
no eisem Ermiessen an op eis Käschten an eiser Fabrik duerch Reparatu-
raarbechten oder der Ersatzliwwerung vun engem mängelfräiem Apparat.
D'Garantie deckt keng normal Ofnotzung vun Ofnotzungsdeeler oder
Schied duerch d'Netbefollegung vum Benotzerhandbuch, onsaachgeméiss
Handhabung (z. B. Broch, ausgelaf Batterien) oder en Ausenanerbaue vum
Apparat duerch de Keefer of. Dës Weidere stellt d'Garantie keng Grënn duer,
fir Schuedensersatzfuerderunge géint eis ze stellen.
Batterien an technesch Apparater däerfen net am Hausoffall ent
-
suergt ginn, mee se musse bei den entspriechende Sammel- an
Entsuergungspunkten ofgi ginn.
Lot-Nummer/Chargennummer
Referenznummer = Artikelnummer
ENTSUERGUNG
D'Käschte fir d'Récksendung vum Apparat un eis Fabrik gi vum Absender
gedroen.
D'statutoresch Fuerderungen a Rechter vum Keefer géintiwwer dem Ver
-
keefer (zum Beispill Mängelhaftung, Hierstellerhaftung) ginn net vun dëser
Garantie ageschränkt.
Remarque: Am Fall vun engem Garantieusproch ass et wichteg, de Kafbe-
weis unzehänken.
Garantieuspréch kënnen nëmme wärend dem Garantiezäitraum an géint
Virlag vun engem Kafbeweis virbruecht ginn. Am Fall vun enger Garantief
-
uerderung muss d'Eenheet zesumme mam Kafbeweis an enger Beschrei
-
wung vun der Plainte u follgend Adress geschéckt ginn:
NaturalCycles Nordic AB
Sankt Eriksgatan 63b
11234 Stockholm
Schweden
NaturalCycles Nordic AB
Sankt Eriksgatan 63b
11234 Stockholm, Schweden
help.naturalcycles.com
www.naturalcycles.com